TIMBEREN FIR D’MISSIOUNEN

Erléis fir Erzéiung a Kateches
Gestempelt a gebraucht Timberen mussen net ewechgehäit ginn. Bei MISSIO Lëtzebuerg (33, boulevard Joseph II, L – 1840 Lëtzebuerg) kann een se d’ganzt Joer ofginn oder et kann een se dohinner schécken.
D’Timbere gi verkaft a mam Erléis gëtt Kanner an den aarme Länner gehollef: si kréie materiell a spirituell ënner d’Äerm gegraff a kënnen esou an d’Frëndschaft mam Jesus erawuessen. Am leschte Joër 2015/2016 waren daat 4.119,25 €. MERCI all deene Läit déi eis am leschte Joër 2016 esou vill Timbren bruecht hun.
Mat de Suen vun den alen Timberen hëlleft d’Kannermissiounswierk mat, fir dass Kanner eng Chance am Liewe kréien a ganz besonnesch och d’Chance, Jesus Christus kennen ze léieren.