BËSCHOFWUERT: MISSIOUNSSONNDEG 2016

GA16_SD

DE WEEKEND VUM 22 AN 23 OKTOBBER 2016 FEIEREN ALL CHRÊSCHTEN OP DË 5 KONTINENTER DË SONNDËG VUN DER WELTMISSIOUN. DËN HÄR ERZBESCHOF HOLLERICH , SCHREIWT A SENGEM BËSCHOFSWUERT WIRWAT DË WELTMISSIOUNSSONNDEG AN DER GANZER WELTKIIRCH GEFEIERT GËT.

“Baarmhäerzegkeet liewen a weisen, mécht eis selwer zu Missionären vu Gottes Baarmhäerzegkeet. Als Chrëscht ass et eis Aufgab, Gottes Léift weider ze schenken, dofir ze suergen datt d ‘Evangelium nët nëmmen eis, mä och d‘ Häerz vun alle Mënschen op der ganzer Welt beréiert. Baarmhäerzegkeet vu Gott verwandelt d’ Häerz vum Mënsch, léist hien eng trei Léift erliewen a schenkt Kraaft dës och matzedeelen. Mir Chrëschten kënnen alle Mënschen d‘ Kraaft vum Evangelium verkënnegen andeems mir eis beméien, d‘ Wierker vun der Baarmhäerzegkeet mateneen ze deelen ».

Léif Frënn, dës Wierder vum Poopst Franziskus am Januar 2016 ass besonnesch wichteg fir de Missiounssonndeg, deen haut weltwaït gefeiert gët.
Iwwerall op der ganzer Welt, ginn et Fraen a Männer, déi sech Dag fir Dag mat Häerz a Verstand asëtzen, fir Zeien vu Gottes Baarmhäerzegkeet an dëser Welt ze sinn. Sie weisen dëst duerch hirt konkret Liewen nom Evangelium, hiren onermiddlichen Asaatz am Dingscht vun hire Matmënschen. Geeschtlech, Uerdensleit, Pastoral Mataarbechterinnen a Mataarbechter, engagéiert Jugendlecher, a jiddereen, deen sech beruff fillt, ass haut opgeruff een Zeien vun Gottes Barmherzigkeet ënnert de Mënschen ze sin.

Sech mat Missio Lëtzebuerg informéieren , mat Missio Lëtzebuerg bieden a Solidaritéit liewen duerch en Don fir d’ Weltkierch , ass deen éischte Schratt an déi grouss universal Famill vun alle Missionären eran ze wuessen. Et gëlt haut an elo ze hëllefen an sech z’engagéieren, och mat an trotz all eisen perséinlechen a kierchlechen Problemer a Bedenken.

„ Heiansdo muss een sech selwer e bëssen vergiessen fir Gott nees erëm ze fannen“ seet eis de séilegen Charles de Foucauld, deen säi Liewen ganz ënnert d’Baarmhäerzegkeet vu Gott gestallt huet an et och esou gewisen a gelieft huet.
Datt jidderee vun eis, sech mat engem baarmhäerzegen Häerz engagéiert, d‘ Missioun vun eiser universaler Kierch lieft a verkënnegt, zu all Moment an iwwerall, dëst ass d’ Botschaft vum Weltmissiounssonndeg fir d’ Kierch hei zu Lëtzebuerg an uechter d’ Welt.

Hei könn dir Materialien fir de Weltmisisounssonndeg 2016 eroflueden: 

De Bestellziedel
D’Liturgie vum Sonndeg
Predigtgedanken